Offres d'emploi

Rejoignez-nous

Voyages Flammang S.à r.l. sicht een/eng Reesberoder(in) fir säin Team zu Ettelbréck ze verstäerken
(CDI – M/F)

Loscht op eng néi Erausfuerderung?

Dir dreemt vun engem Beruff deen är Reesleidenschaft an är Kompetenzen an enger familiärer Atmosphär verbënnt? Voyages Flammang ass méi wéi nëmmen eng Reesagence, mir sinn e staarkt an engagéiert Team. Mir hunn 13 Reesbüroen am ganze Land an een an der Belsch. Mat iwwer 70 Joer Erfarung maache mir alles méiglech, fir d’Wënsch vun eise Cliente wouer ze maachen an hir Reesdreem an eng Dramrees ze verwandelen. 

Eist Geheimnis?
Eng Equipe vu ronn 100 begeeschterte, dynamesch an héichqualifizéierte Mataarbechter, déi eng gemeinsam Firmenphilosophie deelen. Zesumme kombinéiere mir eis professionell Fäegkeete mat enger grenzeloser Leidenschaft fir den Tourismus, dëst fir eise Clienten déi beschte Rotschléi ze ginn an esou zum Wuesstum vun eiser Firma bäizedroen.
 

Äre Profil:

 

Wat mir Iech proposéieren:

 

Prett fir ze boarden?

Wann Dir Iech an dësem Profil erëm erkennt an Dir Loscht hutt an enger jonker an dynamescher Firma ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur (CV a Begleetbréif) op : jobs@flammang.lu oder iwwer de Formulaire hei drënner. 

Komm bei eis, fir zesummen aussergewéinlech Reesen ze gestalten an d’Reesdreem vun eise Clienten ze realiséieren.

Formulaire

Les champs suivis par * sont obligatoires afin de vous faire parvenir une offre. Vos données sont traitées en toute confidentialité et ne sont ni cédées, ni transmises à des tiers.