Voyages Flammang S.à r.l. sicht een/eng Reesberoder(in) fir säin Team zu Ettelbréck ze verstäerken
(CDI – M/F)
Loscht op eng néi Erausfuerderung?
Dir dreemt vun engem Beruff deen är Reesleidenschaft an är Kompetenzen an enger familiärer Atmosphär verbënnt? Voyages Flammang ass méi wéi nëmmen eng Reesagence, mir sinn e staarkt an engagéiert Team. Mir hunn 13 Reesbüroen am ganze Land an een an der Belsch. Mat iwwer 70 Joer Erfarung maache mir alles méiglech, fir d’Wënsch vun eise Cliente wouer ze maachen an hir Reesdreem an eng Dramrees ze verwandelen.
Eist Geheimnis?
Eng Equipe vu ronn 100 begeeschterte, dynamesch an héichqualifizéierte Mataarbechter, déi eng gemeinsam Firmenphilosophie deelen. Zesumme kombinéiere mir eis professionell Fäegkeete mat enger grenzeloser Leidenschaft fir den Tourismus, dëst fir eise Clienten déi beschte Rotschléi ze ginn an esou zum Wuesstum vun eiser Firma bäizedroen.
Äre Profil:
- – Dir hutt en Diplom am Tourismus an äert Häerz schléit fir d’Reesen
- – Dir hutt mindestens 2 Joer Erfarung am Tourismus an hutt scho vill Reeserfarungen gesammelt
- – Reservatiounssystemer wéi Amadeus, Toma, Iris+, sinn Iech vertraut
- – Dir sidd verkafsstark, reaktiv a verantwortungsvoll
- – Dir hutt gutt touristesch Kenntnisser, fir eis Clientë bei hirer Reesauswiel ze beroden
- – Dir hutt gutt Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch
- – Dir sidd motivéiert, zouverlässeg, flexibel a sidd een Teamplayer
Wat mir Iech proposéieren:
- – Ee vollzäit CDI
- – E Salaire, deen Äre Qualifikatiounen ugepasst ass
- – Zougang zu Formatiounen a Studiereesen
- – E gesond an dynamescht Aarbechtsëmfeld, mat Méiglechkeete fir Är perséinlech a berufflech Weiderentwécklung
Prett fir ze boarden?
Wann Dir Iech an dësem Profil erëm erkennt an Dir Loscht hutt an enger jonker an dynamescher Firma ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur (CV a Begleetbréif) op : jobs@flammang.lu oder iwwer de Formulaire hei drënner.
Komm bei eis, fir zesummen aussergewéinlech Reesen ze gestalten an d’Reesdreem vun eise Clienten ze realiséieren.